Puh, dee Schluss – ech hätt d’Buch am léifsten an den Eck geschmass.
Et ass grad sou richteg spannend an dann steet do ‚Fortsetzung folgt‘ …
Nee! Wéilaang muss ech dann elo op den nächsten Deel waarden?
Gedold ass net sou menges …
D’Ellingham Academy ass een Internat fir begaabte Kanner – dës Kéier ass eis Protagonistin keen Zwilling.
D’Stevie interesséiert sech fir Kriminalfäll – hätt spillt gären Detektiv.
D’Agatha Christie, den Sherlock Holmes, dat ass seng Welt.
Dofir kënnt et him ganz geleeën, dass d’Academy hatt als Schüler ophuele wëll – virun 80 Jor ass ee Verbrieche geschitt, wat bis elo nach net opgeklärt gouf.
Dem Schoulgrënner seng Fra an hiert Meedchen goufen entfouert, d’Fra ass doudeg opfonnt ginn – vum Meedchen gouf et keng Spuer.
Wat ass deemools geschitt?
Mir liesen d’Geschicht aus zwou Perspektiven, mir geheien ee Bléck an d’Vergaangenheet a kucken dem Stevie bei senger Detektivaarbecht iwwert d’Schëller.
Wärend senger Spueresich kënnt hatt der Wourecht geféierlech no, ee Schüler gëtt doudeg opfonnt.
Huet dat eppes mat deem ale Fall ze dinn?
Et ass ee Puzzle, et mécht Spaass d’Stécker zesummen ze setzen, bis dass se passen …
Déi aner Schüler si genee wéi d’Stevie – begaabt a speziell.
Ënnert anerem, sinn et Schrëftsteller, Youtuber a Schauspiller, d’Charaktere si gutt beschriwwen.
Authentesch.
A jidderee schéngt ee Geheimnis ze hunn.
Den Humor kënnt och net ze kuerz! 😀
Wat ass da lo mam Alice geschitt?
Gi mir dat am nächsten Deel gewuer?
Ech hoffen – et ass nämlech eng Trilogie …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s