Die Mitternachtstür

Dem Dave Eggers säin éischt Kannerbuch – ech si verléift!
Ech war séier fäerdeg mat liesen, d’Kapitelen si kleng gehalen – dat éischt besteet just aus engem Saz!
De Gran muss mat sengen Eltere plënneren, säi Papp huet eng nei Aarbecht, mä déi leeft och net gutt.
Säit engem Accident ass d’Mamm am Rollstull, si ass liicht depriméiert.
D’Famill huet Geldsuergen.
An deem klengen Duerf sinn d’Haiser schif, d’Stroossen hu Rëss – wat ass dann nëmme lass?
Keng gutt Aussiichten fir een Neiufank …
An dann ignoréieren seng Matschüler hien – bis dass de Gran d’Catalina begéint.
Hie gesäit wéi hatt eng geheimnisvoll Dier opmécht – matzen am Bësch, op engem Hiwwel.
Där Saach muss en natierlech op de Grond goen.
Den Zoufall wëll, dass de Gran ee Schlëssel fënnt, deen him erméiglecht och Dieren opzemaachen – hie fënnt sech an Tunnelen ënnert dem Duerf erëm.
Wat mécht Catalina do?
Duerf ass um ënnergoen – déi zwee stëtzen Tunnelen.
Mä léisst déi béis Muecht sech domat ophalen?
Et ass mysteriéis!
D’Stëmmung ass düster – awer op eng gutt Aart a Manéier, Kanner wäerten hier Freed un dëser Geschicht hunn.
Et gi vill Geheimnisser z’entdecken – mä wou Trauregkeet ass, ass Hoffnung! ❤
D’Buch ass och fir Erwuessener, et gëtt Iech d’Magie erëm, déi verluer gaangen ass …
Léift a Roserei, Hoffnung an Trauer, Gleewen – et ass alles matenee verbonnen.
De Cover ass ee Schatz – de Grond firwat ech d’Buch méi no ugekuckt hunn!
An et huet mir net leed gedoen, ech hätt soss eppes verpasst …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s