No mengem leschte Gewënnspill gouf ech via Email ugeschriwwen – mir goufen d‘Book Fairies Lëtzebuerg virgestallt.
Ob ech Loscht hätt dobäi ze sinn?
Natierlech – wat fir eng schéin an originell Idee Bicher ënnert Mënschen ze bréngen.
An eisem leider (zevill) digitalen Zeitalter ass dat dach eng flott Saach!
Ech freeë mech op meng éischt Missioun, also wann Dir an der Museler Géigend wäert sinn – haalt d’Aen op, ech hunn nach flott Schmockstécker heiheem leien, déi een neit Doheem sichen ❤
Ech denken, déi éischte Kéier sëtzen ech mech op d’Lauer – ech wëll onbedéngt déi éischt Reaktioun afänken!
Wann Dir wësse wëllt, wat d’Feeën schonn alles zu Lëtzebuerg ënnerholl hutt – hei kënnt Dir nokucken.

Ech hunn d’Stéphanie gefrot, ob hatt mir méi iwwert de d’Book Fairies, de Club kéint erzielen.

D’Book Fairies feieren den 8te Mäerz hieren zweete Gebuertsdag.
Ee Grupp vu jonke Leit, dorënner d’Haaptgrënnerin vu London, huet zesummen mam Emma Watson um International Women’s Day 2017, Bicher vum Emma sengem feministeschen Bicherklub „Our Shared Shelf“ verstoppt.
Deemools ass ee Video dovunner am Netz ronderëm gegeeschtert – en huet mir gefall, ech hunn de Sënn dohannert net wierklech verstanen.
An och net hannerfrot.
Elo schonn, an ech si frou ee klengen Deel vun dësem grousse Ganzen ze sinn.
Ech hoffen, dass Lëtzebuerg sech nach méi dofir asetzt – matmëscht a Freed verbreet!
Am Juni vum selweschten Jor, ass d’Emma nach eemol mat de Fairies op den Tuer gaangen – do huet hatt dem Margaret Atwood säi Roman The Handmaid’s Tale
zu Parais verstoppt.
An esou hunn dës magesch Feeënaktiounen hiren Ufank fonnt.

Book Fairies 2

D‘Book Fairies hunn dacks Campaignen fir op nei Publikatiounen oder Bicherverfilmungen opmierksam ze maachen.
De 25te September 2017, hunn dei kanadesch Bicherfeeën iwwer 70 Kopien vum Margaret Atwood sengem „Alias Grace“ verstoppt, mat enger handgeschriwwener Note vun der Schrëftstellerin selwer, als Promotioun fir d’Première vun der CBC Mini-Serie.

Dat ass just ee Beispill vun hire villen Aktivitéiten.

Rezent sinn Kopien an England vun „Mortal Engines“ verstoppt ginn, well dee Film lo viru kuerzem an de Kino komm ass. Lëscht Joer goufen Kopien vum Philip Pullmann sengem neitsten Buch „Book of Dust“ verstoppt.
Ech hunn dem Här Pullmann säi Buch gegoogelt – ech hunn et bis dato nach net kannt, elo steet et op menger Wonschlëscht! 📚

De Succès vun den Fairies ass enorm. Et sinn mëttlerweil iwwer 9000 Leit déi matmaachen an dat an iwwer 100 Länner.

Zu Lëtzebuerg ass et eng hallef Dozen, leider nach vill ze wéineg – wann Dir wëllt matmaachen – zéckt net d’Feeën unzeschreiwen.
Wat méi, wat besser!

Wat Book Fairies och ganz gäeren maachen, ass d’Wierker vun onofhängegen a selwerpublizéierten Schrëftsteller ze verstoppen. Si hunn e puer Deeg am Jor wou si sech dodrop konzentréieren fir den ‚Indie Authors‘ hir Bicher ze verstoppen. D’lescht Joer am Mäerz haten d’lëtzebuerger Fairies zum Beispill 10 Kopien vun enger onofhängeger lëtzebuerger Schrëftstellerin verstoppt – an dat ass nach laang net alles, Ideeën si genuch do!

Merci fir d’Erklärung an d’Aféierung an dës Welt, Stéphanie!
😀

Wéi reagéieren d’Leit?
D’Reaktiounen sinn meeschtens positiv. D’Leit freeë sech eng kleng Iwerraschung ze fannen a wann d’Buch dann och nach de Leit hiren perséinlechen Goût trefft, dann ass dat nach ëmsou besser! Heinsdo trauen d’Leit der Saach natierlech net sou richteg, well se sech net sëcher sinn, ob dat da lo gratis ass, an ob se dat lo wierklech kennen mathuelen, an da loossen se et léiwer leien fir op Nummer sëcher ze goen – well se villäicht näischt wëlle falsch maachen.

Hei zu Lëtzebuerg hunn d’Leit alt mol gezéckt fir d’Bicher matzehuelen oder se hunn et opgehuewen, gekuckt an da rem zréck geluecht (mä et ka jo och ganz gutt sinn, dass et e Buch ass, wat d’Leit awer sou guer net usprecht, oder wat se villäicht scho gelies hunn).
Ech hunn awer och schon erlieft, dass ech e Buch verstoppt hunn, kuerz an e Geschäft gaangen sinn a wann ech dunn raus gaange sinn, war et scho fort. (Dat freet een natierlech ëmmer😀)

Op Instagram sinn d’Feeën och ze fannen:
Instagram weltwäit  + Instagram Lëtzebuerg

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s