„The Hate U Give Little Infants Fucks Everybody“
Tupac

Dëst Buch huet mech schockéiert – iwwert de Rassismus an d’Wourecht déi tëscht den Zeile stinn.
Iwwert Viruerteeler!
Mir léieren Starr kennen, hatt ass een aussergewéinlecht Meedchen, seng Elteren loossen hatt an eng Privatschoul goen – esou bleift hatt der Kriminalitéit a sengem Quartier aus de Féiss.
Mir léieren seng Famill kennen, seng Frënn, d’Liewen am ‚Ghetto‘ an d’Bandekriminalitéit.
Ech war vum iwwerwältegt duerch de familiären Zesummenhalt, deen een dacks ze gesi kritt huet.
No enger Party gëtt dem Starr säi beschte Frënd, de Kahlil wärend enger Polizeikontroll erschoss – vun engem wäisse Polizist, hien huet sech bedroht gefillt.
Dës fiktiv Geschicht ass leider vill ze real, wa mir d’Noriichte kucken, verléiert een de Glawen un d’Mënschheet.
Ech hu mam Starr getrauert, hatt a seng Famill si mir Säit fir Säit méi sympathesch ginn.
Si hunn alles gemaach, fir d’Starr ze schützen – mä wat ass dat Richtegt?
Sech sécher fillen?
Ass et net besser d’Ongerechtegkeet eraus ze jäizen?
D’Bewunner aus dem Quartier wëlle Gerechtegkeet! Geet dat sou einfach, wéi se mengen?
Ass et mat Gewalt verbonnen?
Natierlech – et kënnt zu beängstegen Onrouen.
D’Autorin huet d’Buch realistesch geschriwwen, wann ee weess, wou si hierkënnt, kann ee sech gutt virstellen, dass si genee weess, wéi sech Schëss unhéieren!
D’Buch reegt zum Nodenken un – ass et wierklech néideg, dass donkelhäiteg Kanner vun hieren Elteren opgeklärt musse ginn?
Wéi hu si sech ze verhalen, wann d’Polizei se unhält?
Traureg! Erschreckend Beschummend!
Et ass Diskriminéirung – mir Mënschen hunn eis dach weider entwéckelt …
Oder net?

D’Buch kéint roueg a Schoulen gelies ginn …
Ech sinn op d’Verfilmung gespaant – a weess elo schonn, dass mir d’Häerz gebrach gëtt!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s