‚Schattenmond‘ vum Nora Roberts ass den éischten Deel vun enger Trilogie.
Am éischten Deel liese mir, wéi et zu där geféierlecher Pandemie komm ass, mir léieren d’Charakteren e bësse kennen – verschiddener hunn leider just ee kuerzen Optrëtt.
Ech war direkt vun der Geschicht gefesselt, d’Ambiance ass zimmlech bedreelech.
An e bësse magesch.
Mystesch …
Lues a lues kënnt weltwäit alles zum Stëllstand, et gëtt keng Regierung méi, d’Buttiker gi geplëmmt, d’Mënsche verschanzen sech an hieren Häiser – et geet all Dag ëm d’Iwwerliewen.
Et ass scho bal hoffnungslos.
Et ginn awer nach vereenzelt Leit, déi sech mam Dout net offanne wëllen, si hunn d’Hoffnung net verluer.
Dës Mënschen sinn immun géint de Virus, déi meescht hunn magesch Fähegkeeten entwéckelt – och do ginn et Gudder a Schlechter.
Soumat ass et net nëmmen ee Kampf géint d’Iwwerliewen, et geet och ëm Donkelheet a Liicht.
Wee gewënnt wuel?
Ech si gespaant …
Mat der Zäit gi Gemeinschaften opgebaut, Gesetzer opgestallt, et ass ee grousse Mateneen, et kéint ee scho bal vergiessen, dass d’Apokalypse un d’Dier klappt.
Awer just bal …
Ass dem Lana säi d’Kand d’Retterin?
Kann hatt Gläichgewiicht erëm hierstellen?
Dat gesi mir leider eréischt an den nächsten Deeler …
Dëse Roman ass zimmlech ontypesch fir d’Nora Roberts, en ass méi dystopesch ewéi anerer vun him.
Allerdéngs enthält en och gutt Portiounen Humor, ech hunn dacks misse grinsen.
Et ass allerdéngs schued, dass déi aner Deeler an Ofstänn vun engem Joer kommen …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s