Cinder & Ella

Wann ech erëm wéilt u Märche gleewen – dëst Buch hätt d’Potenzial dozou! ❤
Et huet mech déif beréiert, vill Emotioune lassgelooss.
D’Geschicht ass eng modern Cinderella-Versioun, et si vill Parallelen am Buch ze fannen – déi béis Stéifmamm a Stéifschwësteren, zum Beispill.
Mir ginn vun dëse Charakteren iwwerrascht, se hunn gutt Qualitéiten – et muss ee just ee Bléck hannert d’Fassad woen!
Et gëtt net nëmme Gutt a Béis, d’Grenze si verschwommen.
D’Ella muss no engem schwéieren Autosaccident bei säi Papp an déi nei Famill wunne goen, hatt huet vill Operatiounen hannert sech, hatt kämpft mat sengem neie Liewen.
De Cinder war säin Online-Frënd, hien ass paff, no engem Joer nees eppes vum Ella ze liesen.
E war der Meenung, hatt wier dout.
Hien ass ee berühmtene Schauspieler – dat komplett Géigendeel vum Ella.
Déi zweet verbënnt d’Léift zu de Bicher a Filmer, d’Chemie stëmmt!
D’Stéifschwësteren hunn et op d’Ella ofgesinn, si hunn nach ni vum Meedchen héieren – ass hatt Konkurrenz?
Mir ass d’Gal heiansdo héichkomm, wann ech gelies hunn, wéi d’Ella vu senger Famill behandelt gëtt.
Wéi soll ee sech sou wuelfillen?
Ech konnt dem Ella seng Peng novollzéien!
Mobbing ass soumat och ee grousst Thema vum Buch.
An Akzeptanz.
Säi Wee ass net einfach, hatt huet ee ganzt Reha-Team u senger Säit, seng Psychologin ass him eng grouss Stëtz!
Soubal hatt oppe fir Verännerungen ass, an aner Mënschen a seng Komfortzon léisst, ännert sech alles fir d’Ella.
Huet hatt de Courage, säi Prënz am reale Liewen ze begéinen?
Hunn dës ënnerscheedlech Charakteren a Welten iwwerhaapt eng Chance?
Ech freeë mech op den zweeten Deel vun dësem Buch!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s