D’Ella aus Ohio verbréngt ee Joer zu Oxford – hatt ass houfreg op säi Stipendium.
Virun all Kapitel fanne mir een Zitat aus dem 19ten Jorhonnert, dat passt perfekt, d’Ella studéiert Literatur vun de Joren 1830 bis 1914.
Do begéint hatt dem Jamie, hatt fënnt de Kärel onsympathesch.
Nach schlëmmer ass allerdéngs, dass hien Dozent op der Uni ass, si kënne sech schlecht aus dem Wee goen.
Et kënnt, wéi et komme muss – déi zwee entwéckele Gefiller vireneen.
Geet dat gutt aus?
Den Jamie ass nämlech net ganz éierlech mam Ella, hien kann a wëll seng Zukunft net plangen …
Säi Geheimnis wäert hiert Liewe veränneren!
Et ass emotional.
An huet vill Konsequenzen.
Net jiddereen géif gutt domat eens ginn, wéi geet d’Ella mat der Wourecht ëm?
D’Schreifweis vun der Autorin war een Dram, ech hu mech an Oxford verléift, ech konnt mir wierklech alles virstellen – d’Maueren, Zëmmeren, Bibliothéiken.
Ech hunn deen ale Charme gespuert.
D’Koppel muss sech fir ee Liewen entscheeden, mä hält jidderee sech un de Plang?
Wärend dem Ella sengem Studentejoer baut hatt sech ee Frëndeskrees op, sämtlech Charaktere si speziell an eenzegaarteg.
Dialoger hunn ech dacks zweemol missen liesen, se hu mir super gefall.
Se sinn humorvoll.
Op eng ongewéinlech Manéier.
Fir Literaturfrënn ass d’Buch mat all sengen Zitater an Uspillungen eng grouss Schatzkëscht!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s