Kennt Dir den Drachenmond Verlag?

20190220_124221

Ech hunn d’Facebooksäit scho laang abonnéiert, d’Buchcoveren sinn ee richtegen Hikucker! Well de Verlag vill Fantasy a sengem Programm huet, hunn ech mir net sou richteg getraut mir hier Bicher ze bestellen.

Mä ech hunn et gewot, et sinn och Thrilleren a Romaner do ze fannen – Was geschah mit Femke Star, Lieder von morgen an Verdammt nah am Himmel hunn ech Iech jo virgestallt.

Kommunikatioun tëscht Verkeefer a Keefer ass tipptopp, ech hu mech direkt wëllkomm gefillt.
Meng lescht Bestellung huet laang op sech waarde gelooss, well d’Draachennascht eng Liesung um Programm stoen hat, gouf ech gefrot, ob ech meng Bicher direkt wëll hunn, oder ob se signéiert solle ginn …
Wat eng Fro 😉

A wat ee Service, ech si begeeschtert!
D’Bestellung gëtt net einfach an eng Këscht geschmass, nee, d’Bicher gi mat ganz vill Léift agepak, et ass eng Freed, nees alles auszepaken! ❤
Eng kleng Schneekegkeet fir d’Seil huet och net gefeelt 😍

20190220_124237

Ech freeë mech drop, déi verschidde Welte kennenzeléieren, ech weess net, mat wéiengem Buch ech soll ufänken …

Ech wäert nach ganz oft am Drachenmond Verlag bestellen, ech hu menge Bicher extra Plaz a menger Regal gemaach.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s