Un dëst Buch hat ech grouss Erwaardungen, leider huet sech kee Kribbelen agestallt.
Ech hu mol net misse kräischen – villäicht war ech zevill drop fixéiert, well d’Buch ass et definitiv derwäert!
Den Jack wëll sech d’Liewen huelen.
D’Rose ass ee liewensfroue Mënsch, den Zoufall/oder Gott wëll, dass déi zwee sech op enger Bréck kenneléieren.
Géigesätz zéie sech un!
Hier Geschicht ass emotional – Wësseschaft oder Glawen?
Kann dat kombinéiert ginn?
Dialoger am Buch sinn een Dram – intelligent, gefillvoll an immens traureg.
Si beschléisse sech zu engem Experiment, d’Rose wëll 24 Stonne vum Jack sengem Liewen.
Hatt wëll him seng Siichtweis erklären, weisen dass den Jack nach aner Méiglechkeeten huet.
Et ass ee Kampf ëm säi Liewen.
Wie wee geet et gutt aus?
De Schluss ass onerwaart – onberechebar wéi d’Liewen.
Passend.

Gott spillt och eng grouss Roll an der Geschicht, ech sinn net gleeweg, villäicht huet dat mech geblockt.
D’Buch reegt zum Nodenken un – gëtt et ee Liewen nom Dout?
Wat passéiert, wann ee sech fir de Fräidout entscheed?

Wat denken ech iwwert den Dout?
Mir gi begruewen/verbrannt, an dat war et – esou hunn ech fréier geduecht.
Mä d’Rose huet et fäerdeg bruecht, dass ech ëmdenken, villäicht gëtt et méi, wéi mir eis virstelle kënnen.
Ech loosse mech iwwerraschen!

Wéi gesäit Ären Himmel aus?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s