Ewéi ech ee Kand war, hunn Internatgeschichten mech begeeschtert, ech war ee Fan vum Hanni a senger Zwillingsschwëster.
Dofir huet dëst Buch mech magesch ugezunn, et geet ëm d’Zwillingen Scarlet an Ivy.
Et ass ee Kannerkrimi.

D’Ivy trauert ëm seng Schwëster, hatt ass no enger schwéierer Gripp verscheet.
Duerch dësen trageschen Ëmstand ass eng Plaz am Elite-Internat fräiginn, vum Ivy gëtt erwaart dem Scarlet seng Plaz anzehuelen.
Hatt richteg ersetzen – zu senger Schwëster ginn.
Firwat? Huet d’Schoul eppes ze verstoppen? Lieft hatt ieren nach?
Firwat reagéiere verschidde Meedercher allergesch op d’Scarlet?
Wat huet hatt gemaach?
Charakterlech sinn d’Meedercher komplett ënnerscheedlech, kann d’Ivy den Theater duerchzéien ouni enttarnt ze ginn?
D’Schoulreegele si streng, dat erschwéiert d’Detektivaarbecht.
Een éischten Hiweis gëtt fonnt, et ass een Deel vum Scarlet sengem Dagebuch, de Rescht huett hatt am Internat verstoppt.
Elo ass et um Ivy d’Puzzlestécker zesummen ze setzen, de Lieser begleet hatt op Schratt an Tratt.
Hatt fënnt och Ënnerstëtzung am Ariadne, enger Schoulkamerodin.
De Lieser ass genee esou virwëtzeg ewéi d’Ivy – geet et gutt fir hatt aus?

Et ass den éischten Deel vun enger ganzer Bicherrei – ech freeë mech ob weider Geschichte mat de Gesëschter Grey!
Am Abrëll léiere mir se besser kennen ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s