Fir Runa ze liesen, hunn ech vill Gedold gebraucht – mä d’Thematik huet mech interesséiert!

1884
De renomméierte Dokter Charcot experimentéiert un hysteresche Patientinnen, hie sicht no Behandlungsmethoden.
Präsentéiert gëtt dee ganze Spektakel viru Publikum.
Et ass scho bal Folter, wat se an där Zäit ënnert dem Schutzmantel Medizin bedriwwen hunn.
Wou ass d’Mënschlechkeet gewierscht?
Gutt, dass mir vill Fortschrëtter gemaach hunn …
D’Beschreiwunge sinn esou grausam, dës Kéier hätt ech mech iwwert manner Kappkino gefreet – dass ech verschidden Saache gegooglet hunn, huet et net besser gemaach.
Am Géigendeel, ech hat Albdreem, dat kënnt bei mir seele fir.
Ech war iwwert d’Brutalitéit geschockt!
D’Runa, wat an d‘ Paräiser Spidol ageliwwert gëtt, schéngt immun géint dës Sëtzungen ze sinn.
Huet hatt den Dokteren hier donkel Säit scho kennegeléiert?
Wéieng Läichen hu si am Keller?
Ausserdeem huet hatt ee Geheimnis – mysteriéis Zeechen an der Stad schéngen eng Roll ze spillen.
De Student Jorie begëtt sech op Spueresich, ass hie bereet mat der Wourecht ze liewen?

D’Buch ass beandrockend, ech hunn nach een décke Schmöker vum Vera Buck heiheem leien, ech si gespaant!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s