Was geschah mit Femke Star?

Dëst Buch aus dem Drachenmondverlag huet eng Triggerwarnung – zu Recht!
Et huet mech ouni Wierder hannerlooss, ech weess nach ëmmer net, wat ech soe kann/oder soll.
D’Buchcover verréit eis schonn, wat mir am Femke senger Welt z’erwaarden hunn, mir ass d’Hingerhaut ausgaangen.
Stëmmung ass beklemmend, erdréckend, ech hunn d’Geschicht net an enger Kéier gelies, ech hu misse Pause maachen.
Verschaffen, rofkommen!
Am léifsten hätt ech ofgebrach, et war scho bal een Zwang weiderzeliesen, ech wollt onbedéngt wëssen, wat mam Femke Star geschitt ass.
D’Autorin huet dës traumatesch Erliefnisser realistesch geschriwwen – scho bal ze realistesch!
D’Virwëtz war méi grouss, ewéi de Rescht – voyeuristesch.
Ewéi ee Spanner hunn ech ganz déif an d’Séil vun de Protagoniste gekuckt, e bëssen och a meng.
Dofir huet d’Autorin mäi volle Respekt, et ass net einfach iwwert Tabuthemen ze schreiwen/oder ze schwätzen.
Ech hunn dacks misse kräischen, d’Emotioune sinn héichgekacht …
Et deet mir net leed, dëst Buch gelies ze hunn, ech hätt mir gäre méi staark Nerve gewënscht!
Opwuel – eigentlech ass et gutt, dass d’Geschicht mech net kaal gelooss huet.

„Vergewaltigungen zerstören nicht nur die Seele, sie verändern die Zukunft, doch darüber denkt nie jemand nach!“

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s