D’Hannah ass keen typeschen Teenager, hatt fënnt eraus, dass hatt mat senge Gedanken Saache beweegen a souguer Mënsche manipuléiere kann.
Hatt kann hinnen säi Wëllen opzwéngen, si kënne sech mol net drun erënneren.
Wouhier kënnt dës Fähegkeet?
Soubal säi Schwarm Jan a senger Géigend ass, huet hatt sech net ënner Kontroll, hatt reagéiert ongewollt tollpatscheg.
Doduerch gëtt hien op d’Hannah opmierksam …
Mee wat wëll hien vum him?
Op där enger Säit ass hien häerzallerléifst, et ginn awer och Momenter wou säi Charakter vun Haass a Roserei dominéiert gëtt.
Firwat?
Léisst d’Hannah sech op hien an, oder ass seng Angscht ze grouss?
Wéieng Roll spillt de Jan an der Geschicht?
Firwat ass en esou um Hannah senger Fähegkeet Interesséiert?
Ass hien ieren de Feind?
Ech hunn dem Hannah seng emotional (an och manipulativ) Entscheedungen dacks net konnten novollzéien, villäischt reagéiert hatt jo esou, well d’Pubertéit seng Gefillswelt zousätzlech op d’Kopp schmäisst.
Verléiert hatt seng beschte Frëndin dowéinst?
De Jan ass een onsympathesche Charakter, hien ass richteg arrogant a vu sech selwer iwwerzeegt, dofir huet de Schluss mech net gestéiert – et war dat Richtegt, fir Loscht op den zweete Band ze maachen.
De Kampf tëscht Gutt a Schlecht – wien gewënnt dës Kéier?
Wiem kann d’Hannah vertrauen?
Wat géift Dir maachen, wann Dir esou eng Fähegkeet hätt?
Fir wat géift Dir se asetzen?
Nieft der magescher Komponent gëtt Frëndschaft thematiséiert.
Loyalitéit, Vertrauen, Moral, Léift – wou muss d’Grenz gezunn ginn?
D’Geschicht ass ab 13 Joer, ech fannen allerdéngs, dass een nach e puer Joer méi dropsetze soll, verschidden Szenen sinn zimmlech brutal.
Ech hunn d’Buch an engem Zock gelies, et ass den éischte Band vun enger Trilogie.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s