D’Sophie erlieft ee richtegen Albdram – eng Feierhell.
D’Appartementshaus brennt of, an hatt ass matzen dran, verzweifelt probéiert hatt een Auswee ze fannen.
De Ben fiert deen Ament zoufällegerweis lanscht a kritt direkt mat, a wéienger Nout d’Sophie sech befënnt.
Hien gëtt zum Held a rett hatt.
Si begéine sech ëmmer erëm, aus zwee Friemer gi Frënn.
A souguer eng Koppel.
Allerdéngs steet hier Léift ënnert kengem gudde Stär, de Ben huet Geheimnisser, déi dem Lily säi Vertrauen a Gléck z’erstéiere kënnen.
Duerch verstoppten Hiweiser fënnt de Lieser séier eraus, wéieng Geheimnisser et sinn – d’Fro ass, wéi wäert d’Lily reagéieren?
Spréngt hatt iwwert säi Schiet?
Huet hier Léift nach eng Chance?
D’Geschicht ass emotional – et ass traureg ze liesen, wéi hannerhälteg d’Liewen ka sinn.
Genéisst all Moment mat deene Leit, déi Dir gären hutt, wie weess, wéini et dee leschten ass – an dee wëll kee vun eis verpassen.
Duerch dem Ben säi liewensfroue Charakter ass et net weider schlëmm, dass de Rescht vun der Geschicht zimmlech melancholesch ass.
Lëschteg Dialoger tëscht deenen zwee suergen fir witzeg Momenter tëscht där ganzer Eeschthaftegkeet.
Et ass een Op an Of …
Ech hunn d’Liewen mat den zwee Protagonisten genoss, och wann se mech säiteweis traureg gemaach hunn.
De Schluss ass ontypesch fir eng Liibesgeschicht, e weist eis, wéi schwiereg mir et an der realer Welt hunn – mat wéienge Problemer mir ze kämpfen hunn.
Leet Iech d’Nuesschnappecher scho prett!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s