White Zone

Dëse Jugendroman vum Katja Brandis huet mir ganz gutt gefall – en huet mech liicht un ‚The 100‘ Romaner vum Kass Morgan erënnert.
Sechs Jugendlech kréien eng lescht Chance sech ze resozialiséieren.
Mat zwee Betreier solle si an der Antarktis u sech schaffen an hier Problemer an de Grëff kréien.
Geléngt d’Experiment?
D’Geschicht spillt sech am Joer 2030 of, eis Technik huet sech weiderentwéckelt.
Mä ass dat gutt?
Gëtt d’Mënschheet net ze kamoud?
Eis Jugendlech ginn op kalen Entzuch gesat, si däerfen nëmmen nach eemol den Dag, eng Stonn laang online goen, si mussen sech dru winnen, net fir all Schissi op hier geléiften Technik zeréck ze gräifen.
Dat ass schwiereg, Konflikter si virprogramméiert.
Eskaléiert et?
Oder hu si d’Emotioune fest am Grëff?
Et gëtt geféierlech am wäissen Äis, verschidden Hiweiser deiten drop hin, dass hier Statioun ee blanne Passagéier huet.
Kënnt en a Fridden?
Wat mécht en do?
Dëse fiktiven Jugendroman huet e puer real Hannergrënn fir eis, et geet ënnert anerem ëm d’Déierewelt, d’Ökosystem a Fuerschung.
D’Autorin huet gutt recherchéiert, hannen am Buch fanne sech interessant Hannergrondinformatiounen.
D’Charakteren sinn ganz ënnerscheedlech, si hunn all hier Päckelcher ze droen, ech fanne souguer, dass mir nach sou munches vun hinne léiere kënnen.
Déi eng ware mir méi sympathesch, wéi anerer.
Jiddereen gëtt aneschter mat Schwieregkeeten eens.
Wéi gesäit eis Zukunft wuel aus?
Doriwwer muss ech, wann ech esou Romaner liesen, dacks nodenken …
An Dir?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s