Ass dës Dystopie ee Bléck an eis Zukunft?
Ech hoffen net, ech wënsche mir, dass mir d’Kéier nach kréien – et gëtt héich Zäit …
D’Mhairi huet véierzéng Joer an ass als Flüchtling eleng ënnerwee.
Hatt ass op sech gestallt, jiddereen ass sech selwer am nächsten.
Bis dass deen ale Mann, deem hatt begéint dout ëmfält …
An elo?
Sech ëm säi klenge Jong këmmeren, oder einfach weidergoen?
Kann hatt mat him iwwerliewen, oder ass hien eng Belaaschtung?
Wéi schwéier ass et mënschlech ze bleiwen?
Si flüchten virun Zaldoten, virum Wierder a virun onmënschleche Gesetzer.
Honger quält se.
D’Angscht léisst se onroueg schlofen.
Wat hu si schonn erlieft?
Wat muss nach duerchgestane ginn?
Et ass ee geféierlechen Albdram!
D’Autorin huet eng raffinéiert Manéier, schlëmm Erënnerunge vum Mhairi z’erwähnen, si geet net an d’Detail, well d’Meedchen sämtlech traumatesch Erliefnisser a senger FESTUNG verstoppt.
Et ass eng sécher Plaz a sengem Kapp.
Doduerch kënnen Jugendlecher dëst Buch ouni Bedenken liesen …
Dee wonnerschéine Buchcover steet a staarkem Kontrast zu der erzieltener Geschicht.
Liest d’Buch net nëmmen – maacht Iech och e puer Gedanken!
Thematik ass brandaktuell.
A wichteg!
De Klimawandel, Iwwerbevölkerung, Ëmweltverschmutzung an déi ganz Konsequenzen – ee reale Problem, deem mir net entgoe kënnen.
Eng Léisung muss hier, soss ergeet et eis ewéi dem Mhairi.
Oder schlëmmer …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s