An dësem Krimi beschäftege mir eis ënnert anerem mat Mobbing.
Wien ass ee vun deene Coolen?
Firwat kuckt d’Léierpersonal ewech?
Gëtt dee Problem an de Schoulen iwwerhapt eescht geholl?
De Polizist Fabian Risk ermëttelt an engem brutale Mord – ee vu sengen ale Schoulkameroden gouf brutal ëmbruecht.
De Fall ass soumat perséinlech fir hien.
Ass de Fabian och a Gefor?
Während der Schoulzäit war d’Affer ee Mobber, elo schéngt sech een ze rächen …
Firwat huet de Mäerder esou laang gewaart?
De Fabian war mir net wierklech sympathesch, hien ass keen Teamplayer, a privat huet hien och mat engem gudde Batz Problemer ze kämpfen.
Säi Bestiednis ass um Enn, zu senge Kanner huet e kee richtegen Bezuch méi, hien lieft zevill fir d’Aarbecht.
En huet sech an de Fall verbass – hien ass am Begrëff alles ze verléieren, wat him wichteg ass.
Ass et dat derwäert?
D’Buch ass dat éischt aus enger ganzer Rei, ech mengen net, dass ech déi aner Deeler nach liese wäert – ausser ech entscheede mech, dem Fabian eng zweet Chance ze ginn …
Déi huet jo jiddereen verdéngt.
Mol kucken.
Schwedekrimien hunn dacks hier eegen Atmosphär, bei dësem Roman war se leider net esou gräifbar ewéi an anere Bicher.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s