Secret Sins ass dem Geneva Lee säi perséinlechste Roman – ech weess och firwat …
D’Geschicht erënnert eis drun, dass mir all mat klengen a groussen Dämonen ze kämpfen hunn.
Beim Faith, der Protagonistin sinn dat Drogen.
Hatt besicht eng anonym Selbsthëllefgrupp – a mécht d’Bekanntschaft mam Jude, hien ass nei.
Hien ass dem Faith seng Definitioun vu Bad Boy, hatt weess, dass et besser ass, d’Fangere vun him ze loossen.
Dat ass allerdéngs méi einfach gesot, wéi gemaach.
D’Faith huet ee klenge Jong, de Max.
Hien ass daf – an ee richtegt Goldstéck.
Et ass schéin ze liesen, wéi eis Protagonisten sech anenee verléift hunn, nach méi schéin ass et, wéi den Jude dem Max säin Häerz eruewert.
D’Grondstëmmung am Buch ass melancholesch, de Lieser huet dacks Angscht, dass d’Protagonisten, duerch hier Vergaangenheet nees réckfälleg ginn.
Et hëlleft e bëssen Suchtkranker an hier Virléift zu mënschlecher Distanz ze verstoen.
A Réckblécker gi mir gewuer, wéi et zum Faith senger Drogesucht komm ass, an och wann ech scho méi hefteg Bicher gelies hunn – ech fannen, et wär wichteg fir sensibel Lieser eng kleng Triggerwarnung auszeschwätzen.
De Lieser gëtt sech bewosst, ewéi séier een alles verléiere kann, an och wéi schwéier Vertrauen ass.
De Roman ass voller Schold an Geheimnisser.
Wat bréngt een Neiufank?
Ännert en eppes un der Situatioun oder verschleiert e just d’Problemer?
Wéi wäit géift Dir fir d’Léift goen?
Wou läit d’Grenz?
Déi lescht puer Säiten hunn eng iwweraschend Wendung op Lager, d’Geschicht gëtt doduerch eenzegaarteg – et ass dramatesch a passt bei eis Protagonisten!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s