‚Das Licht der letzten Tage‘ ass eng Dystopie – flott dorunner ass, dass se sech net esou liest, ewéi anerer.
De Schreifstil ass dramatesch.
A roueg.
Ongewinnt melancholesch.
Et ginn sou gutt wéi keng Grausamkeeten, de Lieser geheit ee Bléck hannert d’Kulissen vun der Apokalypse.
D’Geschicht huet zwou verschidden Zäitzonen, mir liesen ofwiesselnd, wéi et zum Zesummebroch vun der Zivilisatioun koum, a mir liesen vum Liewen dono – wéi sech d’Mënschen ugepasst hunn, wat se verluer hunn, wéi se fir d’Iwwerliewe gekämpft hunn a wat se aus hierem fréiere Liewen vermëssen.
Et fillt sech e bëssen sou un, wéi wann een ee Puzzle géif zesumme setzen, wat ee méi liest, wat ee méi versteet, ewéi verschidden Geschichten a Charkteren matenee verbonne sinn.
Eréischt déi ganz Geschicht ergëtt dat richtegt Bild.
Eis Welt ass kleng, dat gëtt dem Lieser kloer, wann ee realiséiert, dass eis Protagonisten all mateneen ze dinn hunn – oder haten.
Ech hunn dëst Zesummespill spannend fonnt!
D’Autorin huet dës Welt esou gutt beschriwwen, dass ech kee Problem hat, mir alles bildlech virzestellen.
A ganz éierlech, et ass kee schéine Gedanken, sech esou een Szenario an der realer Welt virzestellen …
Wat géift Dir vermëssen?
Technik, gutt Iessen, Bicher, eng waarm Dusch oder eppes ganz aneschter?
Elo hunn ech Iech nach näischt iwwert d’Handlung erzielt – mee léiert den Arthur Leander, den Jeevan, d’Kerstin an all déi aner selwer kennen, Dir wäert gesinn, et lount sech!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s