Dëst Buch huet mech gefesselt, ech si begeeschtert.
D’Geschicht gëtt aus véier Perspektiven erzielt – mir léieren d’Lily (d’Affer), d’Abby (seng Zwillingsschwëster), seng Mamm an de Rick (den Täter) kennen.
D’Lily konnt sech no 8 Joer Gefaangeschaft endlech befreien, zesumme mat sengem Meedchen Sky leeft hatt ëm säi Liewen.
Doheem ass d’Freed grouss.
Awer och Angscht a schlecht Erënnerungen bestëmmen den Alldag vum Lily a sengem klenge Meedchen, all déi Joren a Gefaangeschaft hunn déif Wonnen hannerlooss.
No hierer Flucht huet de Rick nämlech geschwuer, dass et him nach leed doe wäert – an dat ware keng eidel Wierder.
Ewéi sécher ass d’Lily?
Wann de Lieser d’Geschicht aus dem Rick senger Siichtweis liest, laafen him d’Schudderen de Réck erof.
De Rick ass ee sadistesche Psychopath – senge Matbierger spillt en de besuergten an hëllefsbereetene Mann vir.
Do gëtt et engem schlecht …
Un him gesi mir, dass d’Mënschen ganz anescht sinn, wéi mir mengen.
Hien ass manipulativ, souguer seng Fra gleewt bis déi allerlescht Minutt u seng Onschold.
Zäitspréng wäisen eis, wéi dem Lily säi Liewen virun der Entféierung war – a wéi et dozou komm ass, dass sech de Rick fir hatt entscheed huet.
De Roman iwwerzeegt duerch seng psychologesch Elementer – dem Abby seng Siichtweis ass interessant.
Duerch hiert emotionalt Zwillingsband, gouf hatt nom Lily sengem Verschwannen zu engem zimmlech labile Charakteren.
Zerbrécht hatt un der Wourecht?
Oder mécht se méi staark?
D’Gefillswelt vun de Charakteren ass op der Kopp – et ass schwéier d’Vergaangenheet hannert sech ze loossen an no vir ze kucken.
Kritt d’Famill d’Herausfuerderung gemeeschtert?
Léiert d’Lily nees vertrauen?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s