Dëse Roman vum Julia Haerberlin ass ee psychologescht Meeschterwierk.
De Lieser léiert d’Grace an de Carl kennen – d’Grace huet viru Joeren seng Schwëster verluer, de Carl kënnt als potentielle Mäerder a Fro.
Et ass endlech un der Zäit d’Wourecht erauszefannen, dofir huet d’Grace joerelaang trainéiert.
Sech drop virbereet.
Hatt iwwerléist näischt dem Zoufall …
De Carl wunnt an engem Heem fir demenzkrank, kriminell Leit – mat senger Duechter geet et op eng lescht Rees.
Hatt wëll säi Papp besser kenneléieren, hie verstoen …
Weess de Carl, dass hien keng Duechter huet? Wéivill vu senger Krankheet ass gespillt?
Ass hien nach geféierlech?
Bereit e seng Doten? Oder ass hien äiskal?
Op hierem Trip léiert d’Grace de Carl vu verschiddene Säiten kennen – net nëmmen als Mäerder, hatt däerf hannert d’Fassad kucken an de Mënsch kenneléieren.
Dës Säit vum Carl huet mech iwwerascht – bis zum Schluss weess de Lieser net, zu wat de Carl fäheg ass.
Oder och net!
Fréier war hien een erfollegräiche Fotograf, et ass gelongen, seng Fotoen mat an d’Geschicht anzebezéien, dës Erënnerungen hëllefen dem Grace hien ze verstoen.
Säi Charakter huet mech faszinéiert, gläichzäiteg si mir dacks d’Schudderen de Réck erof gelaf.
Wat ass richteg? Wat ass falsch?
Wou zéien ech d’Grenz?
Duerch d’Demenzkrankheet denkt de Lieser vill no – seng Siichtweis vu Recht an Onrecht verréckelt villäicht e bëssen …
Ech si gespaant, a wéieng geféierlech Welt eis d’Autorin, déi nächste Kéier entfouert.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s