An dësem Buch geet et, ënnert anerem ëm d’bipolar Stéierung – d’Kyra, dem Corey seng beschte Frëndin war dovunner betraff.
Hatt ass senge psychesche Problemer net meeschter ginn, an huet sech d’Liewe geholl!
An deem klengen Dierfchen wou d’Frëndinne gewunnt hunn, war d’Kyra een Eenzelgänger – vun den Awunner net gär gesinn.
Hatt gouf just toleréiert.
Si hu sech duerch d’Krankheet bedroht gefillt, wollten dat hatt wäit ewech vun doheem eng Therapie mécht.
Dee Makel an hierer Gesellschaft!
Nodeems d’Corey vum Kyra sengem Dout héieren huet, ass hatt direkt an déi al Heemecht geflunn.
Alles huet sech verännert.
D’Bewunner behandelen hatt onfrëndlech, hatt fillt sech net wëllkomm.
An d’Kyra luewen se an den héchsten Téin, si freeë sech iwwert seng Erléisung.
Si sinn der Meenung, dass dësen Dout virbestëmmt war …
Verschidden Dialoger si mir fanatesch virkomm, ech hunn iwwert dësen Onversteesdemech de Kapp misse rëselen.
D’Corey huet sechs Deeg Zäit, fir erauszefannen, wat geschitt ass.
Firwat huet seng Frëndin opginn?
Am Buch muss ee vill tëscht den Zeilen liesen – dat huet mir immens gutt gefall.
Bréifer vum Kyra weisen dem Lieser, wéi verluer hatt sech gefillt huet.
Firwat huet kee säin Hëllefruff erkannt? Firwat huet keen gehollef?
Firwat war säi Molen an enger manescher Phase elo beemol Konscht?
Firwat goufen d’Unzeechen net erkannt? An ignoréiert?
Säin Dout a Kaf geholl?
Ganz éierlech?
D’Handlung huet mech säiteweis schwäirose gemaach!
Hei weist sech alt nees, wéi schwiereg d’Liewen fir Mënschen ass, déi net der ’normaler‘ Norm entspriechen.
D’Buch beréiert a schockéiert gläichermoossen – a weist, dass et net ëmmer een Happy-End gëtt.
A Réckblécker léiere mir d’Kyra kennen, hatt war ee vun deene sympatheschsten Charakteren am Buch.
Flott, dass hatt d’Corey hat – eng Frëndin déi hannert him steet a fir hatt kämpft.
Esou eng brauche mir all ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s