De Roman an engem Wuert beschriwwen?
Häerzergräifend! ❤
De pessimisteschen, onzefriddenene Museksprof Jonah trëfft seng nächst Schülerin op enger Onkologiestatioun.
D’Lenia ass de komplette Géigendeel vun him, hatt ass voller Liewensfreed – voller Hoffnung an Optimismus …
Deen ee kämpft, deen anere gëtt op.
Dat eenzegt, wat déi zwee verbënnt, ass d’Musek.
Duerch dës Stonnen, léiert d’Lenia ee ganz anere Jonah kennen – seng verletzlech Säit.
Mir sinn dacks d’Tréinen d’Baken erof gelaf, d’Buch ass fiktiv, d’Autorin huet autobiographesch Elementer abruecht.
Et ass traureg, vun engem stierweskranke Mënsch drun erënnert ze ginn, wéi wichteg d’Liewen ass.
D’Geschicht ass emotional, et ass op kee Fall ee Buch fir zwëschenduerch.
Huelt Iech Zäit dofir, erënnert Iech un d’Liewen.
Mir sinn net onstierflech!
De Sënn vum Liewen …
Wat ass dat?
Ech hu vill missen driwwer nodenken!
D’Zitater sinn déifgrënneg, eent ass méi schéin ewéi dat anert.
Et ass net nëmmen gréng Faarf um Buchcover, se zitt sech ewéi ee roude Fuedem duerch d’Geschicht.
Gréng ass jo bekanntlech d’Faarf vun der Hoffnung.
De Schluss vum Buch, weist eis nees, dass Kriibs een Arschlach ass – genéisst et gesond ze sinn.
An Zäit ze hunn.
Maacht eppes draus!
Kriibs ass souguer nach een Tabuthema, keen ass virun him sécher, a genee dofir ass dëst Buch esou wichteg!

„Das Leben ist wie ein Riesenrad. Erst wenn du den Mut hast, bis an den höchsten Punkt zu fahren, wirst du die beste Aussicht haben.“

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s