Dëst Buch aus dem Buchheim Verlag ass ee richtegt klengt Schmockstéck!
Et huet knapp 120 Säiten, mä déi sinn et derwäert …
D’Buch gouf mat vill Léift an déi däitsch Sprooch iwwersat, mat enger Oplo vun 999 Säiten huet et och Sammlerwäert!
Ech hunn d’Nummer 512 erwëscht, et ass handsignéiert.
An d’Handlung ass d’Kiischt um Kuch!
Et ass quasi eng ‚Eng Mann Geschicht‘, d’Schreifweis ass nawell speziell!
Dokumentaresch – mat Diktéiermaschinn, Videoopnamen, et ass eenzegaarteg.
Ech hunn all Buchstaw verschlongen.
D’Buch ass dem King vum Horror gewidmet – da wësse mir jo, u wiem d’Autoren sech inspiréiert hunn 😉
Duerch ganz kleng Kapitelen ass d’Buch (leider) ganz séier gelies.
De Protagonist Thomas ass Bestsellerautor, a senge Bicher geet et ëm dat Iwwernatierlecht.
Fir säin nächst Buch sicht hie sech Inspiratioun an engem eidelen Leuchttuerm.
En ass zou, an der Vergaangenheet goufen et vill Doudesfäll an Akkzidenter.
Den Thomas wëll ee ganze Weekend do verbréngen – ouni Kontakt zu aneren.
Soll dat kee Feeler sinn?
Lues awer sécher huet hien d’Gefill, dass en net aleng dobannen ass.
Eng onerklärlech Gefor läit an der Loft …
Wat lauert am Däischteren?
Verléisst den Thomas den Tuerm lieweg?
D’Grondstëmmung ass bedréckend a grujeleg – ee Genoss, wann een den Horrorgenre gären huet!
De Lieser fillt sech voyeuristesch – an dat net nëmmen e bëssen.
Schwaarz/wäiss Illustratiounen loossen eis nach méi déif an d’Geschicht dauchen – et ass ee spektakulärt Lieserliefnis.
D’Buch ass ideal fir an enger däischterer Nuecht ze liesen, Iech wäerten d’Schudderen de Réck erof lafen …
Mäin éischt Highlight vum neie Joer!
Ech wäert d’Buch sécherlech nach méi ewéi eemol liesen ❤📚

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s