D’Ruth Lake an de Greg Carver schaffen zesummen un engem Fall – dee vum Dornenkiller.
Hien tättowéiert seng Affer – ouni Spueren ze hannerloossen.
Wéi ee Motiv huet hien?
Oder mécht hien dat just fir Spaass ze hunn?
E spillt mat de Polizisten, een Affer gläicht dem Carver senger Fra, ewéi eng Drëps Waasser.
Hie gëtt direkt am Ufank vum Buch aus dem Spill geholl, d’Ruth fënnt hie voll wéi ee Lach an ugeschoss a sengem Haus.
Well hatt mengt, dass hie sech d’Liewe wollt huelen, verwëscht hatt sämtlech Spueren, déi ze fanne sinn.
A rifft dono eréischt d’Ambulance.
Dat ass ee Feeler, de Killer kritt dat mat, e weist Interesse un der Polizistin …
Wien wollt de Carver ëmbréngen?
Den Thriller huet iwwer 500 Säiten, ech hunn dacks Zeilen iwwerflunn, et ware mir zevill onnéideg Informatiounen, den Text zitt sech, d’Ermëttlungen gi ganz genee erklärt, mir huet dat d’Konzentratioun geholl.
An d’Begeeschterung, well eigentlech ass d’Idee richteg gutt.
D’Geschicht gëtt ofwiesselnd aus dem Carver an aus dem Lake hierer Siichtweis erzielt.
Aplaz zesummen ze schaffen, beléien déi zwee sech andauernd, ech hu während dem Liesen net erausfonnt, firwat dat esou ass …
Vertraue si sech net?
Schued ass et op jidde Fall.
Et gëtt sech och e bëssen zevill mam Carver senger Alkoholsucht beschäftegt – oder villméi mat sengem Entzuch, hien ass jo am Spidol.
En ass zimmlech um Enn, dat gëtt net schéi geschwat.
Dagt en nach eppes als Polizist?
Dat gi mir bestëmmt mat der Zäit gewuer, d’Buch ass deen éischten Deel vun enger Bicherserie.
Et huet mech iwwerascht ze liesen, wien de Mäerder ass – ech hunn nämlech laang op ee komplett aneren getippt.
Do ass et der Autorin gelongen, falsch Spueren ze streeën.
Ech iwwerleeë mir nach gutt, ob ech den nächsten Deel liese wäert …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s