Dëst Buch ass zimmlech hefteg!
D’Valerie ass een Eenzelgänger, aus Spaass fänkt hatt un eng Lëscht ze schreiwen – eng Haasslëscht.
Hatt mécht dat just fir Frust ofzebauen.
Säi Frënd, den Nick fënnt d’Idee originell, hie fänkt un, och Persounen op d’Lëscht ze schreiwen.
Mä fir hien ass et batteren Eescht – dat gëtt dem Valerie eréischt bewosst, ewéi et ze spéit ass.
Den Nick bréngt Mënschen an der Schoul ëm.
Duerch dem Valerie säin Agräifen kënnt et net zu weideren Affer – just den Nick hëlt sech nach d’Liewen.
Schüler si blesséiert an traumatiséiert.
A kee weess sou richteg, wat e vum Valerie hale soll …
Ass hatt geféierlech?
Mattäter? Held?
Huet hatt dem Nick säi béist Gesiicht net gesinn?
Oder sech just blann gestallt?
Ware wierklech keng Unzeechen z’erkennen?
Mir liesen d’Geschicht aus senger Siichtweis, a Réckblécker gi mir gewuer ewéi et zum Amoklaf koum.
Mir erliewen dem Valerie seng Entwéckelung – erhëlt hatt sech psychesch?
Wéi geet seng Famill mat där Situatioun ëm?
Wéi reagéiere seng Matschüler op d’Nouvelle, dass hatt nees an d’Schoul däerf?
Fënnt hatt de Wee zeréck an d’Liewen?
Et ass emotional!

Mobbing suergt fir vill Gespréichsstoff an ass leider och an der realer Welt een eeschte Problem!
Wéi géife mir reagéieren?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s