Nodeems ech vu menger éischter Schmökerbox begeeschtert war, hunn ech mir déi zweet och direkt misse bestellen – zum Thema Léift konnt ech einfach net Nee soen.
Dass d’Buch aus dem Diogenes Verlag kënnt, war ee Pluspunkt.
Dës Kéier sinn ech net op d’Säit luusse gaangen, fir ze kucken wéiee Buch a Fro kënnt, ech wollt mech richteg iwwerasche loossen.

D’Box ass viru Chrëschtdag ukomm.

20181220_151511

Ee Bloomingvillekatalog
(Et sinn nawell flott Saachen dran ze fannen)

Ee Lieszeechen mat Zitat war nees dobäi. Den Titel vum Buch ass z’erkennen.

20181220_151602

Ass d’Taass net häerzech?
Dorausser gëtt elo mäi Kaffi gedronk!

20181220_151627

Mmmh, Schokolasfondue fir d’Feierdeeg!

20181220_151643

Op dës Ziedelen kann ech mäin Réckbléck vun 2018 schreiwen.
Oder se verschenken.

20181220_151933

D’Postkaart kënnt op meng Magnéitwand.

20181220_151905

A lo kënnt mäi Favoritt, kuckt Iech déi Posch un – ech si verléift!
Se ass een Dram ❤

20181220_151743

D’Buch ass vum John Jay Osborn.
Liebe ist die beste Therapie.
Wat erwaart mech wuel?

20181220_151850

Mäi geheime Goodie verroden ech Iech net 😉

20181220_151707

Ech sinn elo schonn op d’Thema vum Januar gespaant – ass dat villäischt eppes fir mech?

(Mëttlerweil ass Thema bekannt – Farbenblind.
Dat seet mir näischt.
Ech mengen, de Mount Januar setzen ech aus, elo waarden ech op de Februar! ❤)

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s