Der Insasse – natierlech ass d’Buch typesch Sebastian Fitzek!
Dem Till säi Bouf Max ass spuerlos verschwonnen, et gesäit dono aus, ewéi wann hien een Affer vum Guido Tramnitz ginn ass.
De Mäerder setzt am Geckenhaus a schwätzt net iwwert seng Doten.
Aus dësem Grond wëll den Till sech aweise loossen, hien wëll vum Guido selwer héieren, wat mam Max passéiert ass.
Säi Schwoer hëlleft him dobäi, mat enger neier Identitéit ass hien séier Patient an der Steinheim Klinik.
An den Horror geet un!
Patienten, Pfleger, Dokteren – si schéngen all eppes ze verstoppen.
Et ass eng geféierlech Plaz.
D’Handlung ass säiteweis zimmlech hefteg, bis zum Schluss wosst ech net, wat ech mat verschiddene Charakteren ufänke soll.
Si sinn all fir eng Iwweraschung gutt.
D’Final ass phänomenal!
Gëtt den Til d’Wourecht gewuer?
Verdréit en se?
Zu wéiengem Präis huet e sech aweise gelooss?
Ech sinn duerch d’Säite geflunn, ech hu mech vun der Ambiance fessele gelooss, d’Geschicht ass spannend an schockéiernd.
Souguer d’Danksagung ass liesenswäert, den Här Fitzek huet se typesch thrillerméisseg geschriwwen.
Wat fält dem Autor wuel fir d’nächst an?
Hoffentlech ginn him d’Ideeën soubal net aus!
Ech hoffen awer, dass dëst Buch net verfilmt gëtt, esou gutt wéi dem Fitzek seng Thrilleren sinn – d’Verfilmunge si grotteschlecht.
Leider!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s