Den Humor vun dësem Buch ass very british, ech hunn dacks misse schmunzelen.
De Peter Grant ass Polizist, seng Proufzäit ass eréischt zënter kuerzem eriwwer.
Enges Dages trëfft hien op een aussergewéinlechen Zeien – ee Geescht.
Seng ganz Welt gëtt op d’Kopp gestallt, ewéi et ausgesäit huet hien besonnesch Fähegkeeten.
Dowéinst gëtt him dem Nightingale zougestallt, hien ass dee leschten Zauberpolizist, de Peter däerf bei him an d’Léier goen.
Hie mécht Bekanntschaft mat mystesche Wiesen, d’Flëss vu London sinn zum Beispill richteg Personnagen.
D’Geschicht ass magesch, skurrill, witzeg, a säiteweis zimmlech brutal.
Nieft dem Opklären vum Verbriechen muss de Peter och nach zaubere léieren – ausserdeem sinn d’Reegelen fir Zauberpolizisten ganz aneschter ewéi fir déi normal Polizisten …
Ass et iwwerhapt erlabt sech an ee Floss ze verléiwen?
Wäerten d’Götter sech mat der Zäit net queesch stellen?
Ech hu scho vill Vergläicher mam Harry Potter gelies, dozou kann ech awer näischt soen, vum HP kennen ech just deen éischten an dee leschte Band 😉
Dëst Buch vum Ben Aaronovitch ass dat éischt, aus enger ganzer Rei ëm de Peter Grant, ech wäert deen zweeten Deel och liesen, fir ze kucken, ob d’Aart a Manéier mech nach ëmmer begeeschtert.
De Schluss vum éischte Band léisst dorausser schléissen, dass de Peter erëm Schreckleches erlieft …

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s