Facebook, Instagram, Snapchat – d’Buch weist eis, ewéi geféierlech déi sozial Medien fir eis Teenager kënne sinn.
Si identifizéieren sech zevill iwwert Likes, ouni Follower bass du keen, et ass erschreckend, ewéi séier een an dësem Däiwelskrees sëtzt …
Et ka geféierlech sinn, an deem Alter sinn se nämlech liicht ze beaflossen.
Eis Protagonistin weist eis, wéi séier een op d’schif Bunn gerode kann – ech war ganz schéin erféiert.
Beim Isi leeft et momentan drënner an driwwer, d’Elteren trenne sech a se hunn nei Liewenspartner.
Hatt fillt sech entwuerzelt, alles verännert sech.
An dofir wëll hatt sech och änneren.
Duerch eng falsch Schoulbekanntschaft kënnt hatt op d’Idee sech ze schminken an provokativ unzedoen, positiv Bestätegung kënnt duerch Likes.
Ass et d’Opmierksamkeet wierklech der Wäert?
Et ass nämlech e bëssen wéi eng Diät – fir d’éischt hëlls de of, du fills dech gutt an da kënnt de Jojo-effekt.
Du fälls een een déift Lach.
Sensibiliséiere mir eis Kanner genuch?
Wëssen si wéieng Geforen am Internet lauere kënnen?
D’Buch ass net grad déck, an awer fënnt sech genuch Plaz fir déi ënnerscheedlechst Themen – Mobbing, Gewalt, Vernoléissegung, Gruppenzwang, Iessstéierungen, Alkohol, Drogen, asw, …
Ech kéint et mir gutt an de Schoule virstellen, oder als Diskussiounsronn mat Jugendlecher.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s