Der Nachtgarten

Ganz éierlech?
Esou eng skurril Geschicht hunn ech nach ni gelies, ech wosst ufanks net, ob ech weiderliesen oder ofbrieche soll.
Et geet mam Fanny un – hatt soll vun der Assistante sociale bei enger Famill ofgeliwwert ginn, well si hatt adoptéiert hunn.
Do ass awer keen, d’Haus ass mat hinnen dran ofgebrannt.
Also schellt d’Assistante sociale bei den Noperen, kritt do een Häerzinfarkt a stierft.
Déi Noperen d’Sina an den Tom beschléissen de Puppelchen ze halen.
Schräg nee?
Joere verginn, d’Famill lieft een eenegermoossen rouegt d’Liewen …
An da kënnt dem Crying Alice säin Optrëtt.
Hatt brauch der Famill hier Hëllef, et sicht säi Mann, well hatt d’Gefill huet, dee kéint eppes Geckeges maachen.
Hatt brécht fir all Klengegkeet an Tréinen aus, dohier huet hatt och dee Spëtznumm.
Dann hu mir nach eng schlecht Kächin, ee Pilot, dee säi Gedächnis verluer huet, geheimnisvoll Bréiwer, een Ufo, ee Meteor, an nach esou vill méi …
D’Geschicht ass fantasivoll, nodeems ech mech op déi onméiglech Handlungen agelooss hunn, huet de Roman mech gutt ënnerhalen, ech hunn einfach missen weiderliesen, et war scho bal ewéi een Zwang.
Wat fält der Autorin nach alles an?
Der Fantasi si keng Grenzen gesat – dëse Sproch schéngt dem Polly Horvath säi Motto ze sinn …
Wann ech gemengt hunn, dass si eppes Bestëmmtenes net toppe kéint – e puer Säiten drop, huet si mir de Géigendeel bewissen.
D’Charakteren sinn alleguerten herrlech verréckt, mir war keen onsympathesch.
Komëscherweis.
Wann Dir Loscht op eppes komplett aneschters hutt – mat dësem Buch maacht Dir näischt verkéiert.
Et wäert Iech d’Sprooch verschloen 😀

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s