Déi véier Protagonistinnen aus dësem Buch freeën sech op eng erhuelsam Vakanz am Paradies – allerdéngs kënnt et anescht wéi se mengen.
D’Petra, d’Suse, d’Jenny an d’Anka sinn Gäscht am spueneschen Hotel Paraiso.
Esou ënnerscheedlech ewéi d’Fraen och sinn – si hunn d’Vakanz aus dem selwechte Grond gebucht.
Si wëllen dem Alldag entfléien, si sinn op der Sich no sech selwer.
A jiddereen vun hinnen huet ee Geheimnis …
D’Spannungen tëscht den Hotelsgäscht ginn ëmmer méi grouss, et ass souguer riets dovunner d’Vakanz ofzebriechen – mee ee grousse Stuerm weess dat ze verhënneren.
D’Emotioune kachen héich, d’Situatioun eskaléiert …
Et ass wéi am richtege Liewen – et kritt een net ëmmer, wat ee wëll, a mir hunn all eis Päckelcher ze droen.
Wäerten d’Protagonisten awer zu sech fannen?
Villäischt souguer méi staark duerch dës Erfahrunge ginn?
Wat erwaarde si sech vum Recht vun hierem Liewen?
Mir huet dëse Roman ganz gutt gefall, d’Schreifweis huet heiansdo ee liicht ironeschen Ënnertoun.
Och Spuenien gouf esou bildhaft beschriwwen, dass ech mech am léifsten an den nächste Fliger gesat hätt.
‚Paradies‘ ass ee Roman, deen zum Dreemen verféiert.
D’Handlung enthält och e puer politesch a gesellschaftlech aktuell Elementer – doduerch bleift Nodenken/Ëmdenken net aus.
Der Autorin ass de Spagat tëscht Eeschthaftegkeet an Ironie perfekt gelongen, et war mir eng Freed d’Buch ze verschléngen.
Ech fannen, dass d’Buch kee besseren Titel kéint hunn.
Hutt Dir elo Loscht op d’Paradies?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s