Wéiee Geheimnis gëtt et an der Villa Evie z’entdecken?
D’Luzie ass mat sengen Elteren a sengem klenge Brudder Benno frësch erageplënnert, him fält direkt op, dass dat alt Haus geheimnisvoll richt.
All Zëmmer huet säin eegene Geroch – alt méi, alt manner.
Huet et villäischt domat ze dinn, dass de granzege Gärtner ee riisegt Gewächshaus huet?
Zesumme mat sengem Noper Mats, probéieren d’Kanner d’Rätsel ze léissen …
Nodeems si ee mysteriéist Zëmmer ënnert der Villa fonnt hunn, eskaléiert d’Situatioun – de Bréifdréier schmäisst d’Post an d’Dréckskëscht, de Buschauffeur wëll an de Bësch wandere goen, d’Eltere vergiessen hier Kanner, …
Wat ass den Ausléisser dofir gewierscht?
D’Kanner entdecken eng Welt voller Geheimnisser, duerch der Autorin hier wonnerbar Schreifweis, ass de Lieser ganz no dobäi.
Et ass net nëmmen ee Buch fir d’Fantasi, et ass och eng Geschicht fir d’Nues.
Duerch déi verschiddenst Pflanzen a Parfumsbeschreiwungen huet de Lieser dacks ee Geroch an der Nues – verschiddener hu mech u meng Kandheet erënnert.
An anerer hu mech richteg dreeme gelooss.
D’Buch ass den Ufank vun enger Trilogie, ech si scho gespaant, wat mech am zweete Band erwaart …
An de Buchcover?
Wonnerschéin!
Et ass ee richtegt Schmockstéck, genee ewéi d’Illustratiounen, déi eis duerch d’Geschicht begleeden.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s