Wow …
Dëst Buch ass ee Meeschterwierk – an ee Klassiker!
Dat ass mir eréischt un der Schreifweis opgefall, Google huet mir dunn gesot, dass d’Geschicht vun 1962 ass.
Et ass ee spannenden Horrorroman, den Erzielstil ass poetesch, philosophesch, spannend.
A voller Methaperen.
Mir léieren de Will an den Jim kennen – zwee beschte Frënn, esou ënnerscheedlech wéi Dag an Nuecht.
Natierlech sinn se begeeschtert, ewéi se matkréien, dass een ‚Jahrmarkt‘ an d’Stad kënnt, et ass nämlech schonn Enn Oktober a matzen an der Nuecht.
Lues a lues léiere si d’Bewunner an d’Attraktioune kennen, schnell ass kloer, dass iwwernatierlech Wierker mat am Spill sinn – Tattoo’en déi sech beweegen, ee Karussell dréit sech no vir (fir ee Liewensjoer méi ze kréien), an no hannen (fir ee Liewensjoer manner), asw, …
D’Grondstëmmung ass net nëmmen düster, den Text enthält eng gewalteg Portioun Melancholie.
Den Horror ass ukomm – wéi gi se de Mr Dark a seng skurill Trupp erëm lass?
Kann dem Will säi Papp villäischt hëllefen?
Hien ass mat senge 54 Joeren am beschten Alter, e fillt sech allerdéngs vill ze al fir mat sengem Bouf matzehalen – léisst ee sech vum Karussell ee Wonsch erfëllen, oder ass e staark genuch?
D’Buch beschreift eis dee stännege Kämpf vu Gutt a Béis, hell an donkel.
Wie gewënnt?
Geet ee gutt Häerz an ee feste Charakter duer?
Oder hu mir all ee Schwaachpunkt, mat deem dat Béist eis ëm de Fanger wéckele kéint?
Wéi ee Präis musse mir fir dat Gutt bezuelen?
Ass et der Wäert?
Dem Lieser ginn tëscht den Zeilen vill moralesch Froen gestallt – an och den Alter spillt eng wichteg Roll an der Geschicht.
Wéi definéieren ech Alter?
U mengem Gebuertsjoer?
Oder wéi ech mech fillen?
D’Liewen, den Dout, sou no beieneen …
D’Buch ass net fir zwëschenduerch – Dir musst Iech Zäit dofir huelen.
D’Geschicht erliewen a fillen.
Se genéissen – Zeil fir Zeil.
Egal wat kënnt!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s