Schmökerbox

Ech hunn erëm eng Buchbox aus Däitschland fir Iech – ewéi ech gelies hunn, dass se op Lëtzebuerg geliwwert gëtt, hunn ech se direkt missen bestellen.

De Präis vun der Box läit bei 39,95 Euro, an da kënnt nach de Versand dobäi.

Et kann een se eenzel bestellen, oder een Abo vun dräi oder sechs Méint ofschléissen.

D’Boxen hunn all Mount een anert Motto, duerch e puer Erklärungen zum Buch, kann de Lieser entscheeden ob en iwwerhapt Loscht op dee Genre huet.
Leider gëtt och de Verlag erwähnt, bei menger November-Box konnt ech et net loossen, ech hunn duerch d’Virschau geluusst, an dobäi d’Buch fonnt, wat an der Box wäert sinn.
Gutt, ech hätt dat net solle maachen, mee ouni dës Informatioun wär ech wahrscheinlech net a Versuchung komm, nozekucken.
D’Virfreed war awer grouss!

D’Motto war ‚Geheime Realitäten‘.
Et gesäit een, dass d’Boxen mat vill Léift verpak ginn …

Dëst Lieszeechen gouf extra fir d’Schmökerbox designt, et enthält een Zitat vum Buch – a verréit eis ongewollt schon den Titel 😉

20181127_144841

Fir d’éischt war ee gréngen Théi ze gesinn – e passt soumat perfekt bei den Handlungsort am Buch.
Nodeems ech e bësse gewullt hunn, hunn ech dës kleng Taass mam passenden Ënnersetzer fonnt – perfekt fir den Théi.

(Schmökerbox huet mech ugeschriwwen, et ass een Deckel a keen Ënnersetzer 😉 – da bleift en och laang waarm)

Dës modesch Strëmp waren och a menger Box – obwuel ech nach net genee weess, wéi ech se mam Motto assoziéiere soll.
Villäischt bréngt d’Buch mech op déi richteg Spuer!

20181127_153039

Eng Reesluut (fir ze liesen) – bestëmmt net verkéiert 📚😉

20181127_153102

Et waren och zwou, richteg flott illustréiert Kaarten dran, ech weess schonn, wat ech domat maache wäert …

20181127_153403

Besonnesch un dëser Schmökerbox ass ee Goodie – dësen däerf eréischt ab enger bestëmmtener Säit vum Buch opgemaach ginn.
Esou ass de Lieser nach méi aktiv an d’Handlung involvéiert.
Ech hunn en nach net opgemaach, ech hu wëlles mech do un d’Reegelen ze halen, ech si gespaant, wat mech erwaart!

20181127_153022

Et ass eng flott Box gewierscht, et deet mir net leed, se bestallt ze hunn – déi nächste Kéier spoileren ech mech net, andeems ech beim Verlag kucken, wéieng Bicher passe kéinten.
Ech loosse mech léiwer richteg iwweraschen!❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s