Hex

am

D’Horrorbuch Hex ass mir ënnert d’Haut gaangen, och wann d’Geschicht net allze hefteg a bluddeg ass – verschidde Biller ware schwéier aus mengem Kapp ze kréien.
Mä esou soll et sinn, d’Schreifweis huet mech gefesselt, ech hunn d’Buch riicht duerch gelies.
Black Springs ass eng kleng Stad ewéi keng aner, d’Bewunner hunn nämlech ee ganz speziellen Awunner – an dat schonn zënter e puer Joerhonnert.
D’Hex Katherine.
D’Duerf huet geléiert mat hier ze liewen, et ginn allerdéngs streng Regelen.
Eng dovunner ass, dass d’Hex a Rou gelooss muss ginn, dat suergt fir vill witzeg Szenen – a gläichzäiteg lafen engem d’Schudderen de Réck erof.
D’Awunner sinn u Black Springs gefesselt, verloossen se d’Géigend fir länger Zäit, kréien si ganz ellen Suicidegedanken.
Et ass een Däiwelskrees.
D’Katherine gëtt net laang a Rou gelooss, ee Grupp Jugendlecher fänkt un hatt ze péngegen, d’Situatioun eskaléiert.
Et ass kee méi sécher …
An dat net nëmmen wéinst der Hex, ech muss souguer soen, dass d’Katherine mir säiteweis richteg leed gedoen huet.

Flott un dësem Horrorbuch ass, dass d’Geschicht souguer eng Moral huet – Béis ass net ëmmer, wat mir mengen.
Allerdéngs ass de Klappentext onkorrekt – schlecht ausgedréckt.
Do steet, dass Jugendlecher ee Video vum Katerine online setzen, an d’Welt vun ëm gewuer gëtt.
Dat stëmmt net …

Ech ka mir eng Verfilmung richteg gutt virstellen!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s