Echo Killer

am

An dësem gelongenen Thriller léiere mir d’Harper McClain kennen – eng taff Polizeireporterin.
Bei engem aktuelle Mord leeft et him äiskal de Réck erof – genee esou ass seng Mamm viru fofzéng Joeren ëmbruecht ginn, de Mäerder gouf deemools net fonnt.
Ass en elo erëm do?
Et gi keng verwäertbar Spueren a keng Zeien, soll et ee Profi gewierscht sinn?
D’Harper verbäisst sech an dee Fall, hatt wëll d’Wourecht erausfannen – mat alle Mëttelen.
Seng Polizistefrënn deelen d’Theorie vum selweschte Mäerder net, seng Chefin bei der Zeitung ass och net ganz enchantéiert.
Léisst d’Harper sech dës Kéier zevill vu senge Gefiller leeden?
A wäert him gefalen, wat hatt erausfënnt?
Riskéiert hatt seng Aarbecht?
D’Buch ass spannend ze liesen, ech hunn et an engem Rutsch duerchgelies – ech konnt mech einfach net bremsen …
D’Protagonistin ass sympathesch, et huet Freed gemaach, hatt kennenzeléieren.

De Schluss huet mech net iwwerascht, ech war allerdéngs laang op der falscher Spuer, d’Final huet mech gefesselt, et huet net nëmmen d’Harper iwwerwältegt.
Der Autorin ass ee gudden Debütthriller gelongen – et mierkt een, dass se sech an der Matière auskennt.
Mir huet och gefall, dass nach e puer Froen opstinn, ewéi et ausgesäit, wäerte mir d’Harper nach e bësse besser kenneléieren.
Ech géif mech op een zweeten Deel freeën!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s