Das Heim

De Schreifstil vun dësem Buch ass bedréckend – an dat läit net dorunner, dass et een Horrorbuch ass, d’Thematik ronderëm schléit dem Lieser batter op de Mo.
Mir léieren de Joel kennen, hie huet sech laang ëm seng demenzkrank Mamm gekëmmert, elo ass et souwäit dass si an een Fleegeheim kënnt.
D’Nina, dem Joel seng beschte Frëndin aus fréiere Joeren schafft mëttlerweil an dësem Heim.
Mir léieren d’Bewunner an hier Macke kennen – si sinn ganz ënnerscheedlech a speziell …
Eng Saach hunn se allerdéngs gemeinsam, si schwätzen allerguer vun engem neien Awunner – et soll ee Geescht oder een Engel sinn, bis elo huet nach keen ee richteg gesinn.
Existéiert dee Geescht wierklech, oder ass e just d’Produkt vun Massenhysterie?
Ass et ieren den Dout selwer, dee seng nächst Affer méi no kenneléiere wëll?
Et gëtt vill Raum fir eegen Interpretatiounen …
Déi al Heembewunner gi just nach op hier Symptomer reduzéiert, d’Personal vergësst dacks, dass se Mënschen viru sech hunn.
Mënsche mat Gefiller, Mënsche mat Erënnerungen – Mënschen déi liewen!
Et bleift net aus, dass de Lieser iwwert den Alter nodenkt – wat ass wann ech al sinn?
Sinn ech gesond a monter?
A wann net – gëtt et Famill, déi sech gutt ëm mech këmmert?
Ech hunn et traureg fonnt.
Erschreckend …
D’Geschicht fänkt un komësch ze ginn, ewéi d’Monika (dem Joel seng Mamm) ufänkt Saachen ze wëssen, déi se eigentlech net ka wëssen?
Zoufall?
Huet se d’Personal matenee schwätzen héieren?
Oder stécht de Geescht dohannert?
D’Schudderen si mir méi wéi eemol de Réck erofgelaf.
D’Buch ass keen einfache Kascht – ganz éierlech, bei mir huet et fir Albdreem gesuergt!
Ech sinn dem Dout scho laang net méi sou no gewierscht …
D’Liewen ass vergänglech – vergiesst dat net!
De Mats Strandberg léisst eis beim Liesen ee grujelege Kappkino ofspillen, d’Recherchen zur Demenz, dem geeschtegen Zoustand vun de Patienten an zu de Medikamenter ass him ganz gutt gelongen!
A wat huet et mat deem ominéisem Fettfleck op sech?
D’Buch ass Horror pur – mee leider ass dee richtegen Horror d’Realitéit.
Ech si mir sécher, dass et a sou munchen Altersheemer genee esou respektlos ofleeft.
Leider …

Onbedéngt liesen!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s