All of this is true

All of this is true ass ee wierklech interessant geschriwwent Buch – dat läit wahrscheinlech un der Schreifweis.
D’Perspektive ass ongewéinlech …
D’Geschicht gëtt just aus Zeitungsartikelen, Interviewen, Emailen, Dagebuchauszich, etc, erzielt.
Doduerch fillt de Lieser sech liicht voyeuristesch.
Säit fir Säit – lues awer sécher, kënnt eng dramatesch Wourecht un d’Liicht.
D’Schoulfrënn Soleil, Miri, Penny an Jonah kënnen hiert Gléck net faassen, si léieren hier Liiblingsautorin Fatima Ro kennen – a schléissen souguer Frëndschaft.
Anscheinend.
D’Clique vertraut dem Fatima blann – si erzielen der Autorin sämtlech Geheimnisser, déi gutt a schlecht.
Dat wier jo net schlëmm, allerdéngs hëlt d’Fatima dës Geschichten als Virlag fir een neit Buch.
An d’Ongléck hëlt säi Laf.
D’Buch zerstéiert alles, elo geet et ëm Liewen an Doud …
Et ass erschreckend ze liesen, wéi dramatesch esou een Agrëff an d’Privatsphär iwwerhapt ass.
Passt op, weem Dir Geheimnisser uvertraut …
Kënnt Dir där Persoun wierklech vertrauen?
Léiwer eemol ze vill driwwer nodenken, ewéi eemol ze wéineg.
Wie weess, ob Dir mat de Konsequenze liewe kënnt!
De Schluss vum Buch ass phänomenal, eréischt do gëtt dem Lieser d’Ausmooss vun de Manipulatioune bewosst.
Mir léieren déi zwou Säiten vun enger Medaille kennen an och e bësse fäerten.
Et huet mech erféiert – wann ee bedenkt, ewéi séier falsch Gerüchter am Ëmlaf sinn!
Et ass ee spannend Jugendbuch – wat eis weist, dass ee net jidderengem vertraue soll – och wann e sympathesch eriwwerkënnt …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s