Bluescreen

Los Angeles 2050

Déi meescht Mënsche si vernetzt an online.
Dëst Implantat am Gehier nennt sech Djinni, kierperlech Aarbechten gi vu Roboteren an Drohnen iwwwerholl.
Déi ginn Nulis genannt.
D’Marisa ass Gamerin an ee Hacker, fir hatt ass dës virtuell Welt d’Realitéit.
Bluescreen, eng Drog bedréit dës Welt, näischt ass méi sécher.
Während dem Liesen wosst ech laang net, wat genee ech do iwwerhapt liesen, Iech wäert et sécherlech och esou goen.
Ass et real, digital, oder just een Dram?
Eegal wat et ass, d’Marisa ass cool.
Eng Heldin.
Hatt huet wëlles seng Welt vun dëser Bedrohung ze retten, an näischt léisst hatt dovunner ofbréngen.
Och kee Geld a keng Politik.
(Dat kënnt engem jo scho bal kënneg vir😉)
Hatt ass ironesch, a mat sengem Roboteraarm bleiwt hatt dem Lieser gutt am Gedächnis.
Allerdéngs hunn ech fonnt, dass een d’Geschicht konzentréiert liesen muss, soss kéint ee liicht den Iwwerbléck verléieren, d’Buch liest sech net esou einfach ewéi dem Dan Wells seng Serienkiller-Rei.
Et ass den éischte Band vun enger Rei, mech huet se esou iwwerzeecht, dass ech d’Suite och liese wäert.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s