Thierry Van Werveke

FB_IMG_1541348471759

Den Thierry Van Werveke ass eng lëtzebuergesch Ikone, ech si mir sécher, dass dat ëmmer esou bleiwe wäert.
Ewéi seet een – Legenden stierwen ni, eise lëtzebuergeschen James Dean huet dat fäerdeg bruecht.
A leschter Zäit hunn ech mir ee Koup Filmer vun him ugekuckt, ech si frou, dass ech duerch dës Biografie vum Yves Steichen ee klenge Bléck hannert d’Kulisse luusse konnt, an och de Mënsch kennegeléiert hunn.
Et war mir eng Freed!
Duerch déi ënnerscheedlech Kapitelen aus diverse Liewensetappen gëtt et net langweileg, mat Momenter ass d’Buch emotional.
Mir léieren den Thierry kennen, seng gutt Momenter, seng schlecht Momenter, seng Filmer a seng Musik – einfach hien.
Ech war beandrockt.
Hien huet säi Liewen, trotz Réckschléi an de Grapp geholl, hien huet dofir gekämpft eppes z’errechen.
Dat ass him ganz gutt gelongen!
Déi vill Fotoen hëllefen dës Abléck ze verdéifen, duerch si, ass den Thierry fir ee kuerze Moment lieweg.
Mir begleeden hien duerch seng Kandheet, duerch gutt a schlecht Zäiten, entdecken mat ëm d’Loscht fir Film a Musik.
Mir léieren Famill a Frënn kennen.
Natierlech liest sech d’Geschicht net esou einfach ewéi ee Roman, et ass ee méi konzentréiert bei där Saach, et wëll ee keng Thierry-Anekdot verpassen.
Am interessantesten, ware fir mech déi etlech Interviewsauszich, et ass allerdéngs och der Wäert ee Bléck an d’Filmographie ze geheien.
Oder a seng Musek ze lauschteren.
Dës Biographie ass wierklech liesenswäert, ech si mir sécher, dass se och dem Thierry gefall hätt.
D’Buch mécht Loscht op méi – ech wäert d’Ausstellung am Pomhouse zu Diddeléng och besiche goen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s