Nichts zu danken

Nichts zu danken vum Isabel Spigarelli ass ee Roman, dee mech duerch seng philosophesch Schreifweis staark beandrockt huet.
Opfälleg um Text ass d’Tatsaach, dass den Protagonist just M. genannt gëtt.
Hien ass d’schwaarzt Schof vun der Famill, d’Familljeverhältnisser sinn net déi Bescht.
Seng Groussmamm ass am Altersheem, den M. besicht se regelméisseg, mat sengen Verkleedungen a Geschichten, ginn dës Visitten zu engem richtege Spektakel.
Wéi laang kann hien dës Fassad oprecht erhalen?
Esou tragesch, wéi verschidde Säiten sinn – esou lëschteg sinn anerer.
Et liest een d’Geschicht mat engem laachenden an engem kräischenden A.
Wäert hie sech trauen, der Boma ze soen, wien hie wierklech ass?
Geet hien ee Schratt op d’Famill zou?
Hale si zesummen, wann et drop ukënnt?
A Réckblécker gi mir gewuer, firwat et zu de Familljeproblemer komm ass.
Dem Lieser gëtt bewosst, dass de Protagonist M. keen Numm brauch, et si nämlech Handlungen déi de Charakter ausmaachen, net méi a net manner.
Verschidde Säiten hu Foussnouten – esou liest de Lieser munch Gedanken vum M., et hëlleft ee bessere Versteesdemech fir en opzebréngen.
D’Buch thematiséiert Famill, Verspiechen, d’Liewen, den Dout a weist eis, wéi wichteg et ass, u sech selwer ze gleewen.
An ze liewen!
Et ass emotional, et wier net schlecht, ee Pak Nuesschnappecher prett do leien ze hunn.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s