Wie die Stille unter Wasser

Wann Dir gären New Adult Romaner liest – mat dem Brittainy C. Cherry senge Bicher sidd Dir op der richteger Plaz.
D’Geschicht fänkt ganz roueg an harmlos un – an da gëtt de Lieser an d’kalt Waasser geschmass.
D’Maggie ass (niewt dem Brooks) ee vun eise Protagonisten.
Mir léieren hatt schonn am Alter vu 6 Joer kennen, säi Papp plënnert mat him bei seng nei Fra.
Hatt kritt eng eege Kummer, Gesëschter an eng Mamm.
An do léiert hatt de Brooks kennen, hien ass sengem neie Brudder säi beschte Kolleg, hien hëllt him an där éischter Nuecht d’Angscht virum Onbekannten.
Dat ass deen Dag, wou d’Maggie weess, dass si zwee zesumme gehéieren.
E puer Joere verginn, d’Famill huet sech gutt agelieft – mä d’Schicksal klappt un d’Dier.
D’Maggie huet eppes fuerchtbar Schlëmmes gesinn, a seng Stëmm duerch de Schock verluer.
Hatt entwéckelt staark Aangstzoustänn, hatt kann d’Haus net méi verloossen.
An de Brooks gëtt säin Anker, déi wichtegst Persoun a sengem Liewen.
Ausserdeem gi Bicher seng nei bescht Frënn, Bicher a Waasser zéie sech ewéi ee roude Fuedem duerch déi ganz Geschicht.
Et ass emotional …
Fënnt d’Maggie seng Stëmm mat de Joeren?
Iwwerwënnt hatt säin Trauma?
Kann hatt dem Brooks säin Anker sinn?
D’Buch wullt op, de Lieser mécht sech sou munch Gedanke zu sengem eegene Verhalen.
Et geet net nëmmen ëm d’Maggie an de Brooks, d’Famill an hier Hëllefloossegkeet gëtt gutt vun der Autorin beschriwwen.
D’Scholdgefiller erdrécken se.
Et ass schlëmm ze liesen, ewéi ee klenge Moment, de ganze Rescht vum Liewe verännere kann.
Zerbrécht d’Famill dorunner?
Oder fanne si erëm zesumme?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s