Annähernd Alex

Ech hunn erëm ee Königskind fir Iech ❤
Wéi heescht deen ale Film mam Meg Ryan an dem Tom Hanks?
Ass dat Email für dich?
Si kënne sech am reale Liewen net ausstoen – iwwert Emailkontakt verléife se sech aneneen.
Et ass schonn eng Zäitchen hier, dass ech e gekuckt hunn, mä bei dëser Geschicht, hunn ech automatesch missen un de Film denken.
D’Mink an den Alex sinn Online-Frënn, si versti sech richteg gutt.
Si hunn al Filmer gären, si kënnen iwwert alles diskutéieren.
Am reale Liewen heescht d’Mink Bailey, hatt plënnert am Alex (Porter) seng Wunngéigend.
Et ass scho witzeg ze liesen, wéi déi zwee sech am reale Liewen begéinen, an net wëssen, wien se viru sech stoen hunn.
Hier Gespréicher sinn ee klengt Highlight am Buch, ech hunn dacks missen laachen.
Et ass humorvoll beschriwwen.
Was sich liebt, das neckt sich – et ass just eng Fro vun der Zäit 😉
Wat geschitt dann, wann déi zwee feststellen, dass se schonn méi laang Online-Frënn sinn?
D’Geschicht gëtt aus dem Bailey senger Perspektive erzielt, heiansdo kritt de Lieser och een Deel vun hieren Chat-Gespréicher ze liesen.
Flott un dësem Buch sinn och d’Kapiteliwwerschrëften – Filmzitater, dat passt super bei de Rescht vum Buch!
Wat denkt Dir – gëtt et een Happy-End?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s