Eine Geschichte der Zitrone

Fir d’éischt hunn ech geduecht, dëst Buch wier d’Geschicht vun zwee Meedercher, déi op der Sich no Frëndschaft sinn – ech hu mech geiert.
Fir zweet ass mir den Toun opgefall, en ass säiteweis zimmlech trauresch a melancholesch.
Et ass ee Buch iwwer Trauer a Frëndschaft.
D’Calypso lieft mat sengem Papp zesummen – d’Mamm ass viru Joeren u Kriibs gestuerwen.
Ufanks mengt een, dass déi zwee den Alldag aleng gutt gemeeschtert kréien, si sinn ee gutt Team.
Wann een allerdéngs un d’Fassad kraatze geet, falen dem Lieser Klengegkeeten op, déi dorausser schléissen, dass de Papp den Dout vu senger Fra net iwwerwonnen huet.
Hien ass depressiv a brauch Hëllef.
Dat fält dem Calypso (an dem Ëmfeld) eréischt op, wéi hatt d’Mae a seng Famill kenneléiert – hatt kann elo Vergläicher maachen.
Déi zwee Meedercher si sech ähnlech, si ginn séier bescht Frëndinnen.
D’Calypso ass net méi eleng …
Säi Papp huet déi (manesch) Idee ee Buch iwwert Zitrounen ze schreiwen – ass dat wierklech d’Léisung?
Wéini fält dem Papp wuel op, dass hien och net eleng ass?
Et ass schwiereg ze liesen, ewéi de Papp säi Meedchen onbewosst am Stach léisst, gläichzäiteg huet en och Versteesdemech fir d’Situatioun.
Et ass net einfach selwer z’erkennen, dass ee sech verrannt huet.
No Hëllef ze froen …
Bereet sinn eppes z’änneren …
Duerch dem Mae a senger Famill hier Ënnerstëtzung geléngt et dem Calypso a sengem Papp, deen Däiwelskrees ze duerchbriechen – si erkennen wourunner et am Liewen ukënnt.
D’Geschicht ass batter (ewéi eng gutt Zitroun) an definitiv liesenswäert!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s