Dieser Augenblick, erschreckend und schön

Puh, dëst Buch huet mech fäerdeg gemaach – nodeems ech der Autorin hiert Nowuert gelies hunn, hunn ech ugefaangen mat kräischen.
An dat net nëmmen e bëssen!
Leider hunn ech d’Buch vill ze séier gelies, wann ech gewosst hätt, wat mech erwaart – ech hätt mir vill méi Zäit gelooss.
D’Emotioune genoss.
Ech kann Iech verroden, dass Iech d’Handlung opwulle wäert …
Ufanks hunn ech geduecht, dass mech eng einfach Teenager-Liibesgeschicht erwaart, dat ass awer net de Fall.
Ech sinn an d’kalt Waasser geschmass ginn, mir feelen d’Wierder.
Ech hunn d’Grace kennegeléiert.
Nom Dout vu sengem Papp huet hatt zwee Joeren a Fleegefamillje gelieft, elo ass säi Monni Rusty endlech bereet hatt bei sech opzehuelen.
Do begéint hatt säin Ex-Frënd Owen an d’Janna, seng al beschte Frëndin.
Déi dräi sinn net schéin ausernee gaangen – duerch ee Mëssverständniss …
A beemol gi mir gewuer, dass d’Grace vergewaltegt ginn ass, duerch eng Schlofpëll kann hatt sech net un den Täter erënneren.
Doduercher gëtt de Lieser mat Details verschount, mee dat mécht d’Saach net manner schlëmm, ech hunn d’Charakteren dono ganz anescht gesinn.
Fir säin Trauma z’iwwerwannen, muss den Täter fonnt ginn – a vun deem gouf ech iwwerascht.
Mee eigentlech hätt et mech net misse wonneren.
D’Grace ass eng staark Fra!
Hatt huet iwwerlieft a kämpft fir säi Liewen erëmzekréien.
Merci Marci Lyn Curtis – fir d’Hoffnung déi ech duerch dëst Buch kritt hunn.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s