So mol, Lobo

– Hues du Buchstawenzopp giess?
– Nee, net elo … So mir dat herno nach eng Kéier!
– Kanns du ee Moment roueg sinn?

Ewéi dacks hu mir dës, oder ähnlech Sätz gesot, oder ze héiere kritt?
Et stécht kee béise Wëllen dohannert, et geschitt onbewosst, well mir mat anere Saache beschäftegt sinn – mä fir de ‚Schwätzert‘ ass et ee grousst Thema.
Duerch esou Ënnerbriechunge fillt ee sech net eescht geholl – genau ewéi de Lobo an eiser Geschicht.
Hie schwätzt vill a gär, duerch seng Froen wëll hien d’Welt kenneléieren a verstoen.
Dat kënnt awer net bei jidderengem gutt un, hien huet vill ze oft d’Gefill ze stéieren.
Also decidéiert de Lobo sech, einfach net méi ze schwätzen.
Et ass erschreckend, ewéi einfach dat war – traureg, dass kengem d’Verännerung opgefall ass …
Enges Dages léiert de Lobo seng nei Nopesch kennen, déi zwee versti sech ouni Wierder.
An da kënnt den dramatesche Moment vun der Entscheedung – bleift de Lobo stomm, oder jäizt en haart?
Net nëmme schwätzen ass wichteg – och fir d’Nolauschtere muss ee sech Zäit huelen!
Zumools an dëser technescher an hektescher Zäit däerfe mir dës zwou Eegeschaften net vergiessen, se stäerken eis nämlech …
Denkt drun.
Mat dësem Kannerbuch ass Kremart nees ee richtegt Schmockstéck gelongen, ech hu mech och an déi konschtvoll Illustratioune verléift.
Se hu Stil, se si ganz detailléiert, et ass ee Genoss se unzekucken ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s