Nicht nur ein Liebesroman

‚Nicht nur ein Liebesroman‘ ass ewéi den Titel et scho seet, net nëmmen ee Liibesroman.
Et ass Säit fir Säit eng Liibeserklärung un d’Léift an alle Facetten.
Et huet mir richteg Spaass gemaach dëst Buch ze liesen, ech hu mech wuelgefillt.
Et huet sech e bëssen no „heemkommen“ ugefillt.
D’Sloane a seng Famill ware mir direkt sympathesch, hier Aart a Manéier mateneen ëmzegoen huet mäin Häerz zum schmëlze bruecht.
An och wa säin Humor éischter sarkastesch/ironesch ass – d’Buch ass duerch an duerch positiv.
D’Sloane ass mat senger Famill vun New York op Florida geplënnert.
Hatt hätt net geduecht, dass hatt esou séier Frënn géif fannen – d’Vera a säin Zwillingsbrudder Gabe wuessen him séier un d’Häerz.
No kuerzer Zäit ass d’Sloane ee wichtegen Deel vun der Clique, de Remy, d’Aubrey, an zumools de Frank sinn aus der Geschicht net ewechzedenken.
Et si ganz ënnerscheedlech Charakteren, vun der Autorin mat vill Léift gezeechnet …
Ewéi hatt matkritt, dass ee fir d’Zwillinge wichtegt Bild verkaf gouf, mécht hatt sech op d’Sich dono.
Dobäi léiert hatt vill dobäi – iwwert d’Frëndschaft, Famill, d’Léift an och iwwert sech selwer.
D’Sich vum Bild ass net einfach, mee fir de Lieser amüsant …
Se ass emotional, et ass de Geste dee zielt.
Bei dësem Buch ass et eigentlech egal ob d’Buch fonnt ginn ass, et geet ëm de Message – déi bedéngungslos Léift, déi sech ewéi ee roude Fuedem duerch déi ganz Geschicht zitt!

„Es ist einfach so, weil es so ist, es gibt die Liebe einfach, weil es gar nicht anders geht.“

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s