D’Mel ass aussergewéinlech – hatt séngt fir d’Beien, hatt huet eng ganz besonnesch Relatioun zu dësen Insekten, hatt huet souguer ee klengen hoerege Fleck a sengem Genéck, deen un d’Fell vun enger Bei erënnert.
Hatt lieft an enger WG (de Beehive), si sëtze sech vill fir den Naturschutz an.
Souguer seng kleng Frënn sinn an de Gaart geplënnert …
Enges Dages gëtt hier Welt op d’Kopp geheit, d’Mel fënnt eng kleng, schwaarz Drohn an hierem Gaart.
Wou kënnt déi wuel hier?
D‘ WG-Bewunner wëllen där Saach op de Gronn goen – dobäi fanne si eraus, dass dës Drohn richteg brutal ass, si gouf gebaut fir d’Beien ëmzebréngen.
Dat wier den Ufank vum Enn, eng ökologesch Naturkatastroph, géifen et dës Déieren net ginn, wär alles anescht.
Mir reegen eis dach all mol iwwert dat deiert Uebst a Geméis op, hannerfroen awer ze wéineg firwat dat esou ass.
Fannen d’Frënn de Schëllegen mat Zäiten?
D’Thematik vum Buch war mol eppes aneschter, et reegt zum Nodenken un, et ass nämlech net auszeschléissen, dass eis esou een Szenario bevirsteet.
D’Schreifweis vun der Autorin gefält mir och ganz gutt, d’Buch ass mat wonnerschéinen Zitater gefëllt.
D’Bezeechnung Thriller passt net genee – dofir ass d’Geschicht ze phantastesch.
Et ass erschreckend ze liesen wéi no d’Fiktioun am Buch un eiser Realitéit ass, mir musse besser op eis Welt oppassen – an am Summer d’Méckebaatsch op der Säit loossen.
Et ass fënnef vir zwielef, wat muss nach geschéien, ier mir der Wourecht an d’A kucken?
Ech fannen d’Buch ass perfekt, fir an der Schoul ze liesen – et sensibiléiert a verännert sou munch Siichtweis.
Hannen am Buch sinn och ee gudde Koup nëtzlech Internetadressen ze fannen, villäischt wëll deen een oder aneren sech nach méi informéieren.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s