Nur noch ein einziges Mal

Puh, dëst Buch huet mech opgewullt hannerlooss – och wann et ëm d’Léift geet, d’Geschicht spillt eis keen Friede, Freude, Eierkuchen vir.

D’Autorin schwätzt een heikelt (a wichtegt Thema) un, dat verdéngt Respekt.

Am Lily sengem Liewen spillt häuslech Gewalt eng grouss Roll – an der Vergaangenheet an och an der Géigewaart.

Et ass ganz realistesch, ech hu vill gekrasch.

Hutt Dir scho gesot:

Wa mir dat geschitt, sinn ech direkt fort! Net mat mir, asw, …?

Ech si mir sécher, dass Dir dat no dësem Buch net méi soe wäert.

Ech hunn elo vill méi Versteesdemech, et ass ee fuerchtbaren Däiwelskrees, a ganz schwéier do erauszekommen – sief dat duerch d’Léift, Ofhängegkeet oder Angscht.

Souguer ech sinn dem Ryle sengem Charme erleeën, an dat obwuel ech säi schlechte Charakterzuch kennen.

Hien ass dee perfektene Mann, dat waren och dem Lily seng éischt Gedanken…

Mee dat war just deen éischten Androck, ewéi hatt den Atlas erëmbegéint (seng éischt Léift), ass et un der Zäit de Ryle richteg kennenzeléieren.

An dat deet wéi, dat wënschen ech kengem!

Et ass keen einfacht Buch fir zwëschenduerch, d’Geschicht setzt sech fest, och wann ee scho fäerdeg mat der Lektüre ass.

Fir Betraffenener ass et bestëmmt eng hëllefräich Lektüre – och Familljemembere kënne wäertvoll Informatiounen aus dësem Buch mathuelen – et klärt op.

Dat Schlëmmst dorunner ass, dass d’Geschicht op ville Plazen Realitéit ass …

Hoffentlech hu mir all dee richtegen Atlas un eiser Säit – een, deen eis weist, dass de Mënsch alles schaffe kann, wann en déi richteg Persoun u senger Säit huet.

Ech hunn Iech elo net vill iwwert d’Handlung erzielt, ech géif et méi schéi fannen, wann Dir d’Personnagen selwer kenneléiere géift!

Colleen – wann ech grouss sinn, wëll ech esou sinn ewéi’s Du!❤

Veröffentlicht in dtv

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s